Abar's Blog

Kangal - Malakli Blog

Ech sin den Abar, an hei ass meng Geschicht. Well den 1. Besëtzer angeblech net mat mir eenz gin ass, hunn ech missen an d‘Déierenasyl. Ganz vill Leit hu mech am Déierenasyl Schoppen besicht, mee keen wollt mech hun. Bannend 6 Méint Openthalt an dësem Asyl ass et mir ganz gudd gaang. Well ech ze grouss waar fir all meng aaner Muppenkollegen, an ech och net ganz mat hinnen eenz gouf, kruut ech mäin eegend Geheege, mat engem aus Steng gebautend Häischen. An desem Häischen haat ech eng Matratz mat Decken an fir de kaale Wanter esouguer eng Wärmeluucht, als Heizung. All Daag, bei all Wieder haat ech Auslaaf, a meng beschte Frëndin, eng Déierenpfeegerin (Esthère), huet d‘Hoffnung nie opgin, dass enges Daags een kënt, fir mech ze adoptéieren.

Enges Daags koumen der 2 aus Lëtzebuerg, mech besichen, déi 2 waaren direkt begeeschtert vu mir, an ech och vun hinnen, do hunn ech ee vun deenen mol mat mengen 75kg direkt op de Rëck geheit.

Aawer nemmen aus Spaass, ech waar esou frou, ech kont meng Freed einfach net méi ënnerdrëcken.

Daat frëndlecht Team vum Déierenasyl Schoppen huet menge neien Besetzer versechert, dass ech gesond sin, an all Impfung an EU-Pass sinn ok.

Mat mengem groussem Temperament muss ech vill Plaatz hun, a vu moies bis oowes muss een fir mech do sin, well ech muss nach ganz vill léieren.

Och kruut ech mäin neit Schloofzemmer a mengem neien Doheem gewisen, hunn e neit Bett kaaf kruut, an am Haus däerf ech maachen, waat ech wëll. Et feelt mir och un näischt, daat neit Iessen ass Oofwiesslungsräich, ech kréien Kären an réih Fleesch (BARF) ze iessen.

Ech soen Iech all Merci fir Är Visite op mengem Blog. An esou hoffen ech, dass och aaner Muppen ewéi ech och sou eng nei Chance kréien.

Abar

Share on facebook
Facebook
Share on google
Google+
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn